Yildiz Bau – eng Gastgeberin mat Häerz, Humor a Fangerspëtzegefill

D’Passioun vum Yildiz Bau? Dass dir als Gaascht Iech absolut wuelfillt.

De Christian an d’Yildiz Bau kennen sech zanter hirer gemeinsamer Ausbildung zu Achern – do hunn si sech fonnt. Hei vu Gläichgesënnten ze schwätzen, ass absolut net iwwerdriwwen. Di zwee deelen d’Leidenschaft fir d’Spétzegastronomie a Gastfrëndschaft. Wat de Christian Bau an der Kiche leescht, well d’Yildiz bau am Service bidden. A gemeinsam geléngt et hinnen, Carrière a Famill mateneen ze verbannen.

 

Als Service-Chefin am “Victor’s Fine Dining by Christian Bau” geet si mat Léift a Leidenschaft un d’Wierk. Kee falscht Laachen, keng virgespillte gutt Laun – beim Yildiz bau kënnt alles vun Härzen an dat spiert een. Ganz individuell geet si op hir Gäscht an a behandelt jiddwereen esou zevirkommend wéi méiglech. A ville Joren Erfahrung huet si en enormt Fangerspëtzegefill entwéckelt an erkennt direkt ob e Gaascht eppes vermësst oder ob en sech well ënnerhalen. Well d’Yildiz Bau ass Gastgeberin mat Leif a Séil. Et passéiert oft, dass si hir Gäscht um Dësch mat der enger oder anerer Anekdot ënnerhält. Wien d’Yildiz Bau kenneléiert, versteet direkt, firwat si 2015 als bescht Servicepatronne a ganz Däitschland ausgezeechent gouf.

Dat gréisste Kompliment – Gäscht déi erëmkommen

Takt an en ausgeprägt Gefill fir de Gaascht ass och wat deene charmante Mataarbechter am Victor’s Fine Dining um Häerz läit. Dir hutt eng Fro zu engem Plat? Majo gären, d’Yildiz bau an hiert Service-Team wësse genee, wat si Iech zerwéieren a wéi Dir et am beschte genéisst.

 

Luxus a Stil huet iwwregens och fir dem Christian Bau seng Fra näischt mat feinen Dëschdicher a Krawatten ze dinn. Eng frëndschaftlech, entspaant a labber Atmosphär si Saachen, ob déi si grousse Wäert leeën. Dat gréisste Kompliment? Wann hir Gäscht hinne beim Äddi soen, versécheren, dass si gär erëm kommen.

Vita

  • gebuer den 10. Mäerz 1971 zu Istanbul

  • 1988 bis 1991 Apprentie am Hotel “Götz Sonne Eintracht” zu Achern

  • 1991 Hotel-Restaurant “Talmühle” zu Sasbachwalden

  • 1992 Hotel “Götz Sonne Eintracht” zu Achern

  • 1992 “Le Canard” zu Offenburg

  • 1993 bis 1994 Restaurant “Alde Gott” zu Baden-Baden-Neuweier

  • 1994 bis 1998 Hotel Traube Tonbach, Restaurant “Schwarzwaldstube”
  • zanter April 1998 Serviceleedung a Gastgeberin am “Victor’s Fine Dining by Christian Bau” zu Perl-Nenneg, kuerz ënnerbrach duerch Elterenzäit. (zwee Meedercher)

Wichtegst Auszeechnungen

  • 2006 Großer Preis der Kochkunst & Gastlichkeit der Spitzengastronomie-Vereinigung „L’Art de Vivre“
  • 2015 „Best-of-the-best-Award“ als bescht Serviceleederin („Mrs. Feel Good“) vun Däitschland, CHEF-SACHE