Partner

agents_group_logo

Agents Group

www.agentsgroup.de

Zum Portfolio vun der Hamburger Agence gehéiere Clienten aus der gehuewener Gastronomie an Hotellerie, deenen hir Fournisseuren a Premium Lifestyle- a Genossmarken. Ganz nom Noline-Prinzip begéint di kleng Equipe hir Clienten op Aenhéicht a këmmert sech ëm Marketing a Kommunikatioun, modern PR-Berodung, Content- a Social Media-Management an E-Commerce.

Lukas Kirchgasser Fotografie

Lukas Kirchgasser Fotografie

www.kirchgasser-fotografie.at

Mam Lukas Kirchgasser, engem Meeschterfotograf vu Wien, huet de Christian Bau e Fotograf fonnt, deen seng Tellere perfekt inzenéiert. De Kirchgasser begeeschtert net nëmme mat senger Foodfotografie, ma bitt och fachkundeg Berodung an de Beräicher vun der professioneller Produktfotografie, Hotelsfotografie an Architektur- a Landschaftsfotografie.

lenouveauchef_logo

Le Nouveau Chef

www.lenouveauchef.com

D’Familljenentreprise gehéiert zu deene féierende Marke vu Beruffskleedung fir Kichen a Service. Di perfekt Passform an eng enorm Haltbarkeet maachen dass hir Kollektiounen, déi ausschliesslech an Europa produzéiert ginn, an der Gastronomie extreme gefrot ass. Le Nouveau Chef beliwwert nieft dem Christian Bau eng ganz Rei renomméiert Käch a Stärerestauranten.

gosset-champagner-logo

Gosset Champagner

www.champagne-gosset.com

Dat traditiounsräicht Wäinhaus huet säi Sëtz schonn zanter 1584 zu Ay am Häerz vun der Champagne a steet fir héchst Usprëch an erausragend Qualitéit. Déi eelst vun alle Schampeskellereien notzt fir hir Produktioun ausschliisslech Drauwen aus de beschte Lage vun der Marne, aus Grand-Cru a Premier-Cru Lagen. Gosset presentéiert säi priméierte Schampes nach haut a Fläschen am anticken Design un.

thechefsstories_logo

The Chefs’ Stories

www.thechefsstories.de

D’Agence aus Hamburg ass ganz op de Marketing an de Management am Gastronomieberäich fokusséiert. Si beréit Spëtzen- a Stärekäch a Saache Markenopbau, Kooperatioun a Sponsoring. Zu hire “Kënschtler an der Kichen” gehéieren nieft dem Christian Bau och Käch wéi de Johannes King, Thomas Macyszyn, Thomas Imbusch, Jan-Philipp Berner an de Benjamin März.