Wëllt Dir den 3Stärekach buchen?

Wëllt Dir den 3Stärekach buchen? Léiert de Management vum Christian Bau kennen.

Entreprisen, déi de Stärekach buchen, lounen oder mat him zesumme kache wëllen, kënne jidderzäit mat dem Christian Bau sengem Management Kontakt ophuelen. Esou Kooperatioune leien an den Hänn vun der Hamburger Agence “The Chefs’ Stories”. Geleed vum Patron Lars Ammer, betreit dës Agence Stärekäch, Talenter an der Kichen a Korypheen aus der gesamter Gastronomie./h4>

De grousse Leeschtungsspektrum vun The Chefs’ Stories am Beräich Management geet vun A wéi “Aufbau” vun engem neie Stärekach bis Z wéi erfollegräich Zesummenaarbecht tëschent Agence a Sponsoren. The Chefs’ Storiesass méi ewéi eng Agence fir Käch, si ass spezialiséiert op professionelle Gastro Consulting an alle wichtege Marketing-Beräicher: Berodung an Ënnerstëtzung vu Käch bei Event- a Sponsoring-Ufroen, Begleedung um Wee zum Markebotschafter a Partner bei alle méigleche Kooperatiounen.

Kooperatioune mam Christian Bau: Wien de Stärekach gär hätt, muss mam Manager eens ginn

D’Mëschung aus innovativen Iddien, gudder Zesummenaarbecht tëschent dem Kënschtler an der Agence, optimal Ennerstétzung an engem Bléck fir Neies, machen hei en ideale Management aus. Net all Entreprise, all Mark oder all Event passt bei de Christian Bau. Di richteg Kooperatioune sinn entscheedend. Gemeinsam mat The Chefs’ Stories stëmmt hie seng Zieler an individuell Virstellungen of. Schliisslech beroue Kooperatioune mam Christian Bau an der Entreprise, déi dëst ufreet, op engem béidsäitegen Averständnes iwwert den Oflaf an d’Ziel, wat am Endeffekt zum Virdeel fir béid Säiten definéiert gëtt.

 

Duerch laangjäreg Erfahrung an de Beräicher Marketing, Sponsoring a Kooperatiounsmanagement entwéckelt d’Equipe vun The Chefs’ Stories esouwuel fir nei Talenter wéi och fir bekannte Gesiichter a Stärekäch wéi de Christian Bau individuell en ëmfaassend Management-Konzept.

De “Stärekach-Manager” Lars Ammer

Seng Leidenschaft fir d’Organisatioun a Konzeptioun vun neie Marketingstrategien huet de Lars Ammer fréi entdeckt. No senger Ausbildung zum Hotelfachmann huet hie verschidde Statioune mat ënnerschiddleche Schwéierpunkten duerchlaf, esouwuel an Däitschland, wéi am Ausland. Seng Aufgabe gounge vun der Entwécklung vu Kommunikatiounskonzepter a Marketingstrategien, iwwer de Markenopbau a Kooperatiounsmarketing bis zur autonomer Entwécklung an Duerchféierung vu PR-Events an allen denkbare Gréisstenuerdnungen.

 

Mat The Chefs’ Stories ass hie ronderëm d’Auer do fir Froen an d’Wënsch vu senge Protagonisten ze beäntwere ronderëm d’Thematik Positionéierung, Markenopbau an –entwécklung, an dat kompetent a kreativ. Zesummen analyséiere si Stäerkten a Schwächten, schafen nei Konzepter an notze bewäerte Strategien, fir um Enn eng erfollegräich an ëmfaassend Marketingberodung mat optimaler Positionéierung vun der Mark ze garantéieren. Heibäi geet et net nëmmen ëm Vitesse, mee och drëm, Schrëtt fir Schrëtt e kloren Image ze entwéckelen a stringent iwwert en definéierten Zäitraum ëmzesetzen. Ob Sponsoring, Vermëttlung bei Kooperatiounen oder ëmfaassend Kënschtler-Management – The Chefs’ Stories hëlt d’Erausfuerderung un a versprécht Iech eng erfollegräich Zesummenaarbecht a jidder Hinsicht.

Wann Dir Interessi hutt un enger Zesummenaarbecht mam Christian Bau,

da kontaktéiert ons!