Auszeechnungen

Den 3Stärekach an seng Auszeechnungen

Och wann de Christian Bau fir all seng Auszeechnungen – an d’Lëscht ass laang – immense dankbar ass, huet hien dach mat den 3 Michelin Stären dat erreecht, wat nieft him just 9 däitsch Kichecheffe vun aussergewéinleche Restaurante fäerdeg bruecht hunn. Hie steet fir Perfektioun a Präzisioun, awer beweise muss hien sech selwer an aneren näischt méi. Dat hëlt him awer näischt vu senger Motivatioun: Ouni sech op sengem drëtte Stär auszerouen, verdeedegt hien deen zanter 13 Joer all Dag, immense éiergäizeg a mat vollem Asaz.

 

Dräi Michelin Stären, e puer Mol “Kach vum Joer” fir verschidde Restaurantkritiker, 19 Punkten am Gault Millau. D’Behaaptung, de Christian Bau wier dee beschte Kach aus Däitschland ass Affaire de Goût, awer hie gehéiert ouni Zweiwel zur ieweschter Spëtzt vun allen Ausnahmetalenter an der Kichen, an Däitschland a vläicht esouguer weltwäit.

Déi héchst Auszeechnung fir e Kach: 3 Michelin-Stären

An nëmme siwe Joer huet de Christian Bau fir “Victor’s Fine Dining by Christian Bau” dräi Michelin-Stären erkacht. Fir de Stärekach ass dat eng Auszeechnung mat där hien sech definitive weltwäite Respekt verschaaft huet. Deen éischte Michelin-Stär krut hie schonn no siewe Méint als Kichechef, ee Joer drop däerf de Christian Bau sech 2Stärekach nennen. 2005 kënnt – onverhofft – den drëtte Stär. Et ass all Joer en neie Kampf, dës Héchstbewertung ze halen, awer de Christian Bau a säin Team meeschteren dat souverän.

Yuzu Friichten hunn hien zum Kach vum Joer gemaach

Bemierkenswäert ass, dass de Christian Bau bis zu sengem drëtte Stär eng klassesch franséisch Kiche gekacht huet. Eréischt 2007 koum de kulinareschen Ëmbroch, d’Weiderentwécklung vu senger Kichen-Philosophie an d’Integratioun vu japanesche Produiten an d’franséisch Haute cuisine. De Christian Bau huet als éischte Kach frësch Yuzu Friichten an Däitschland importéiert a Fongen ausschliisslech aus Dashi preparéiert huet. Dat war d’Gebuertsstonn vum BauStil, de Grond firwat de Feinschmecker hien als “Kach vum Joer” ausgezeechent huet.

Impulsgeber an Nationalheld

Op der CHEF-SACHE zu Köln gouf de Christian Bau direkt e puer Mol geéiert. Als Nationalheld gefeiert, war hien och 2015 nees “Kach vum Joer”, ausserdeem “Impulsgeber der Branche”. Eng besonnesch Éier, well insgesamt 8.000 Gastronomen ofgestëmmt hunn. “Et ass zimlech sexy, wann s du weess dass d’Branche dech als dee Beschten akzeptéiert.” bréngt de Christian Bau et op de Punkt.

 

Dräi Michelin-Stäre sinn erreecht, wat fir een Ziel bleift dann nach? Natierlech deen héijen Niveau ze halen, d’Gäscht mat all Menü glécklech ze maachen – a selwer och gesond a kierperlech fit ze bleiwen, fir déi grouss Leidenschaft all Dag däerfen ze liewen.

All Auszeechnungen op ee Bléck:

  • November 1996: 3. Gewënner bei der Weltfinale vum Prix Taittinger zu Paräis, Inoffiziell Weltmeeschterschaft vun de Käch 1996
  • Oktober 1998: „Aufsteiger des Jahres“, DER FEINSCHMECKER
  • November 1998: 1. Michelin-Stär, Guide Michelin
  • November 1999: 2. Michelin-Stär, Guide Michelin
  • Dezember 2000: Kreativste Kach an Däitschland, BUNTE
  • Oktober 2004: „Aufsteiger des Jahres 2004“, Aral Schlemmer Atlas
  • Oktober 2005: “Koch des Jahres”, DER FEINSCHMECKER
  • Oktober 2005: 5 Kachläffel, Aral Schlemmer Atlas
  • November 2005: 3. Michelin-Stern, Guide Michelin
  • Mai 2006: Präis fir Grouss Kachkonscht a Gastlechkeet, fir de Christian an Yildiz Bau, Les Amis de L’Art de Vivre
  • November 2008: 19 Punkte Guide Gault Millau, Gault Millau
  • Oktober 2010: 5 “F”, DER FEINSCHMECKER
  • Februar 2011: “Kach vum Joer”, Gusto-Auszeechnung
  • Januar 2012: “Kach vum Joer”, FAZ Auszeechnung
  • September 2015: Nationalheld – Kach vum Joer, CHEF-SACHE
  • September 2015: Impulsgeber an der Branche, CHEF-SACHE
  • November 2017: “Kach vum Joer 2018″, Gault&Millau


Aktuell siwen Héchstbewertungen a siwe Restaurantguiden.