3Stärekach a Gastgeber mat Passioun

“Do things with passion or not at all” ass ee vun de wichtegste Prinzipie vum Christian Bau. Hien ass en Typ deen een nëmme mat Haut an Hoer kritt, zu 100 Prozent oder guer net.
Hien ass dee jéngsten, mat dräi Michelin-Stären ausgezeechente Kach an Däitschland, den drëtte Stär fir säi Restaurant “Victor’s Fine Dining by Christian Bau”, an deem hie Kichechef ass, krut hie mat 34 Joer – a verdeedegt dee souverän zanter 13 Joer. Hien ass 3Stärekach mat Leif a Séil, deen déi puer Kéiere wou hien net selwer a senger Restaurantskiche gekacht huet, un enger Hand ofziele kann. “Ech freeë mech all Kéier drop, an der Kichen ze stoen”, seet de Christian Bau nach haut mat voller Iwwerzeegung.

Mënsche mat senger Aarbecht glécklech ze maachen, dat ass alles, wat de Christian Bau well. Hien ass net nëmmen 3Stärekach, hien ass och Gastgeber aus ganzem Häerz!

Wat den 3Stärekach undreift

Präzisioun – “Ouni Léift zum Detail gëtt ee kee ganz Groussen”.

“D’Mënschen a mengem Ëmfeld beschreiwe mech als een, dee senger Linn absolut trei bleift – an all Hinsicht.” Fir den 3Stärekach Christian Bau spillen an an ausserhalb vun der Kiche Perfektioun, Präzisioun an Disziplin eng elementar Roll. D’Produiten déi hie verschafft kënne guer net frësch a gutt genuch sinn. Wann zum Beispill e Fësch net zefriddestellend ass, gëtt de Menü fir den Owend ëmgeschriwwen. Op den Teller kënnt nëmmen dat Bescht – an all Teller geet duerch seng Hand.

“Ouni Fläiss kee Präis.”

Eng vläicht konservativ Usiicht, déi awer nach ni engem geschuet huet. “Ouni ausgepräagte Leeschtungsbereetschaft kann ee keng erausragend Roll anhuelen a wäert et a kenger Positioun oder Secteur bis ganz no uewe packen”, sinn dem Christian Bau seng Wieder. Fir alles muss eng grouss bannenzeg Motivatioun do sinn. Esou wéi säi Bestriewe, Mënsche glécklech ze maachen.

Talent – “Dat iewescht Gebot fir e Chef ass, dëst ze erkennen an ze fërderen.”

Wéi an all Branche, gëtt et och an der Gastronomie Mënschen, deenen “eng Grëtz méi” an d’Wéi geluecht gouf. E Feeling fir Zesummenhäng a Kompositiounen, Kreativitéit an handwierklech Souveränitéit sinn Talenter, déi e Chef erkennen a fërdere soll, esou de Christian Bau. Den 3Stärekach däerf sech glécklech schätzen, dass hie während senge Léierjore Patrone kennegeléiert huet, ënnert hinnen den Harald Wohlfahrt, déi hien haart gefuerdert awer och extreme gefërdert hunn. Elo ass hie selwer zanter ville Joren eng Galliounsfigur an der Kichen, deen den Toun an d’Uerdnung ugëtt an e Virbild fir seng Equipe ass.

Innovatioun – “D’Aarbecht vun der Moderne sollt op der Klassik opbauen.”

De Christian Bau huet eng Tendenz zur Moderne, respektéiert awer gläichzäiteg och Traditioun a Klassik. Hie léisst sech net ofschrecken, och net vun neien Techniken. Den 3 Stärekach ass e fräi Geescht, kulinaresch Trends hunn hien ni interesséiert a beréieren hien och bis haut net. Innovatioun ass wonnerbar wann se Sënn mëscht, net wann et sech just em Effekthascherei handelt.

Zeréck un den Ufank – Den 3 Stäre Kach a seng Originnen

Oft freet een sech vläicht iwwert de Christian Bau: Wouhier kënnt dësen Éiergäiz a säi bestännegt Striewen no Perfektioun? De Christian Bau wousst fréi, dass hie fir d’Gastronomie gemaach wier. Scho mat 14 Joer, wéi hien e Praktikum an engem Restaurant absolvéiert huet an sech ënner 16 anere Käch wéi an enger Groussfamill gefillt huet, hat hie Blutt geleckt. Mat 16 Joer huet hien d’Elterenhaus verlooss an huet, ganz eleng an op eegene Been, eng Léierplaz als Kach ugeholl. Hie wousst direkt: Dat ass genee de richtege Beruff. D’Gastronomie ass fir hien eng zweet Famill ginn.

A 7 Joer zum 3Stärekach

De Christian Bau huet eng klassesch Ausbildung gemaach an huet schliisslech am Harald Wohlfahrt säi grousse Léiermeeschter fonnt. Zanter 1998 ass den haitegen 3Stärekach Kichechef a Gastgeber am Gourmetrestaurant “Victor’s Fine Dining by Christian Bau”. Wéi en déi Erausfuerderung ugeholl huet, war et seng Aufgab de Restaurant zu engem Erfolleg ze maachen. Dat ass him ouni Zweiwel gelongen. Hien huet sech am Rekordtempo di héchsten Auszeechnungen erkacht. Säin éischt Ziel, e Michelin-Stären ze erreechen, hat hien innerhalb vu 7 Méint realiséiert. Just ee Joer dono krut hien deen zweete Stär. 2005 huet de Guide Michelin de Restaurant ënnert der Leedung vum Christian & Yildiz Bau mat dem drëtte Stär ausgezeechent. Esou gouf hie mat knapps 34 Joer dee jéngsten 3Stärekach an der Géigend vu Saarbrécken.

De Wee zum BauStil

D’Ausbildung bei der Kachlegend Harald Wohlfahrt huet sech och am Christian Bau sengem Kachstil erëmgespigelt. Net anescht war et am Victori’s Fine Dining, wou hie mat perfekter, klassescher franséischer Kichen iwwerzeegt huet. Awer richteg glécklech war den 3Stärekach net. Dës Aart vu Kiche war net säi Stil. Net dat, woumat hien sech identifizéiere konnt a woufir säin Häerz wierklech geschloen huet.

 

Als riets Hand vum Harald Wohlfahrt ass de Christian Bau a vill international Stied gereest, ënnert anerem 1994 op Bangkok. Dass déi asiatesch Kichen him läit huet hien hei an der thailännescher Haaptstad esou richteg gespiert. Si war et, déi säin Häerz ergraff hat. An hir huet den haitegen 3Stärekach fonnt, wat hie gesicht hat.

 

Awer eréischt 2007 huet de Christian Bau ugefaange, seng Kachphilosophie weider ze entwéckelen. Hie war ee vun deenen éischten, déi japanesch Produiten an di franséisch Haute cuisine agefouert huet – an deen sech doduerch de Spott vun esou muenchem Restaurantkritiker zougezunn huet. Eng Rees a Japan huet en a senger kulinarescher Neiorientéierung bestäerkt.

 

Do drun uschléissend huet de Gastrojournalist Jürgen Dollase fir seng Serie “FAZ Gourmetvision” e japanesch inspiréierte Menü ugereegt, deen en iwwerwältegenden Erfolleg ginn ass. Bal all Gäscht hunn déi nei “Gourmetvision” dem klassesche Menü virgezunn. E wichtege Meilestee fir den 3Stärekach bei Saarbrécken.

 

D’Emanzipatioun vun der traditioneller franséischer Kiche war wéi e Befreiungsschlag. Dëse Wee ass de Christian Bau konsequent weidergaangen a Richtung vun enger nach méi ausgeglachener Integratioun vun den neien Elementer. Alles sollt perfekt harmonéieren. Entretemps kann hien aus voller Iwwerzeegung soen: “Ech sinn ukomm, hu meng Mëtt, meng kulinaresch Handschrëft fonnt.”

 

Jo, de Christian Bau huet säi Stil fonnt, net nëmme kulinaresch. An der Kichen trëfft een den 3Stärekach a Basketten, Jeans a Kachjackett. Am Restaurant leeft relax Musek. Hie weist, dass Fine Dining och ouni wäisst Dëschduch a mat eleganter Lässegkeet kann e Succès sinn.

Vita

  • gebuer de 14. Januar 1971 zu Offenburg
  • 1987 bis 1990 Léierjong am Hotel “Götz Sonne Eintracht” zu Achern
  • 1990 bis 1991 Hotel-Restaurant “Talmühle” zu Sasbachwalden
  • 1991 bis 1992 Militärdéngscht am Offizéieschcasino zu Achern
  • 1992 bis 1993 Restaurant “Le Canard” zu Offenburg

  • 1993 bis 1998 Restaurant “Schwarzwaldstube”, Hotel Traube Tonbach
  • seit 1998 Kichechef am “Victor’s Gourmet-Restaurant Schloss Berg” zu Perl-Nenneg
  • haut “Victor’s Fine Dining by Christian Bau”