Christian Bau - CHRISTIAN BAU
2407
home,page,page-id-2407,page-template,page-template-full_width,page-template-full_width-php,ajax_fade,page_not_loaded,,qode-title-hidden,qode_grid_1300,footer_responsive_adv,hide_top_bar_on_mobile_header,qode-content-sidebar-responsive,qode-child-theme-ver-1.0.0,qode-theme-ver-10.0,wpb-js-composer js-comp-ver-4.12,vc_responsive

Häerzlech Wëllkomm op der Homepage
vum Christian Bau.

Schéin, dass Dir hei sidd! Léiert de Christian Bau kennen, oder gitt méi iwwert de Stärekach gewuer, iwwert seng Philosophie, seng Platen an dat wat hien all Dag motivéiert.

Als Kach mat Leif a Séil ass de Christan Bau zanter 1998 Kichechef a Gastgeber am Stärerestaurant “Victor’s Fine Dining by Christian Bau”, dat 2005 mat engem drëtte Michelin-Stär ausgezeechent gouf. Hie gehéiert ouni Zweiwel an d’Liga vun de Spëtzekäch. Zanter 12 Joer hält hien elo schonn seng dräi Michelin-Stären an däerf sech och iwwer eng Rei Auszeechnungen an Héchstbewertungen a wichtege Gourmetführer freeën. Doriwwer eraus ass de Christian Bau bis haut deen eenzegen däitsche Kach, deen am Alter vu knapp 34 Joer, jeemools mat engem drëtte Stär ausgezeechent gouf.

 

Ëmmer u senger Säit: seng Fra a Service-Cheffin am Victor’s Fine Dining, Yildiz Bau. Di zwee hunn sech scho während hirer Ausbildung zu Aachen kenne geléiert an deelen d’Leidenschaft fir entspaante Gastgeberschaft op héchstem Niveau. Während de Christian Bau an der Kichen de Goût vu senge Gäscht trefft, këmmert d‘Yildiz Bau sech am Service ëm Är individuell Wënsch. “Mir wëllen d’Mënsche mat onser Aarbecht glécklech maachen” ass zanter Joren de Credo an d’Motivatioun vun deenen zwee. Ob Kach oder Service-Cheffin, fir si Allenzwee ass hire Beruff dat schéinst op der Welt. Eng Philosophie, déi si och all Dag liewen.

drei-sterne-koch-christian-bau

Christian Bau:
E Kach, eng Philosophie

Esou perfekt a präzis wéi all Plat vum Christian Bau um Teller ausgesäit, esou kloer ass och säin Ziel: Et soll einfach gutt schmaachen! De Stärekach hëlt Iech mat op e Voyage culinaire: Seng kulinaresch Handschrëft zeechent sech aus duerch eng franséisch Kichen, déi staark gepräägt ass vu Produkter aus der asiatescher haute cuisine. Liicht, zäitgeméiss a kosmopolitesch, ouni Iech als Invité ze iwwerfuerderen.

De Christian Bau ass e fräie Geescht. Hien huet säi Stil fonnt, en ëmgesat, weiderentwéckelt, a lieft a kacht en bis haut. Hien experimentéiert, ass op fir Neies – esou laang et Sënn mécht. Kulinaresch Trends kommen a ginn, a sinn zum Deel just Effekthascherei. De Christian Bau huet et gär authentesch. Dass hien sech duerch genee déi flüchteg Trends net beandrocke léisst, a bei senger Passioun fir eng perfekt Kichen, di bescht Produkter a glécklech Gäscht bleift, zeechent hien aus.

 

Während an der Kiche vum Christian Bau Perfektioun a Präzisioun zu de grondleeënde Prinzipie gehéieren, ass d’Atmosphär am Restaurant gekonnt labber. Well wie beim Christian Bau zu Gaascht ass, brauch sech net de Kapp ze zerbriechen iwwert déi passend Krawatt oder eng elegant Owendgarderob. De “Victor’s Fine Dining by Christian Bau” lieft vun enger entspaanter Atmosphär, ongezwongen, mat Niveau an ouni steif Etikett. Well e Besuch an engem Restaurant ass e kulturellt Erliefnis, en owendfëllende Programm, deen ee vum éischte bis de leschte Moment sollt richteg genéissen.

Ier Dir elo d’Websäit entdeckt, wéilt de Christian Bau Iech nach eppes mat op de Wee ginn: “Do things with passion or not at all” ass säi Motto. De Stärekach ass kee Mann vun hallwe Saachen. Wat hien upaakt, am Restaurant, an der Kichen, oder privat, mécht hie mat Häerzblutt. Hien ass Perfektionist a Produktfetischist – ëmmer mat dem Wonsch, sénge Gäscht nëmmen dat Bescht ze bidden.

 

An elo wënsche mir Iech vill Freed op ärer digitaler kulinarescher Rees mam Christian Bau!

victors-fine-dining-restaurant
victors-fine-dining-tisch